Reunioun mam Sudhakar Sivaji, CEO vun Aperam - eng international Entreprise, déi hiren Headquarter hei zu Lëtzebuerg huet, a weltwäit Edelstol produzéiert, deen net rascht, an elektresche Stol mat magnéiteschen Eegenschaften hierstellt.
03.03.2026 14:12
👍 2
🔁 0
💬 0
📌 1
Wéi kënne mir d’Industrie an Europa stäerken?🏭
Gëschter hu mir mat de 19 Ministere vun den „Friends of industry“ doriwwer geschwat, wéi mir dat richtegt Gläichgewiicht tëscht hëllefräichen EU‑Reglementer an der Stäerkung vum Innovatiounspotenzial an der Kompetitivitéit vun der Industrie fannen.
26.02.2026 09:01
👍 1
🔁 0
💬 0
📌 1
Your future starts here | Work in Luxembourg
Work in Luxembourg is a government-led initiative that showcases Luxembourg’s advantages as a destination for skilled professionals from around the world.
#Pressekonferenz
Den Talent Desk mëscht muer seng Dieren op – eng wichteg Etapp fir d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Aarbechts- a Liewensstanduert 🇱🇺✨
📲 Parallel dozou ass de Portal www.workinluxembourg.com och elo online.
28.01.2026 16:40
👍 3
🔁 0
💬 0
📌 0
Visite am Luxembourg Marriott Hotel Alfa op der Gare – e Stéck Geschicht, dat no der Renovatioun seng Gäscht mat frëschem Charme empfänkt🛋️. Schéin ze gesinn, wéi sech déi touristesch Offer weiderentwéckelt an eng flott Geleeënheet, fir sech iwwert dëse wichtege Wirtschaftssecteur auszetauschen.
20.01.2026 11:04
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
Merci dem @statec-luxembourg.bsky.social fir seng onofhängeg Aarbecht, mat där Donnéeën an nëtzlecht Wëssen ëmgewandelt ginn.Den STATEC versteet et, Informatiounen op eng verständlech Manéier bei d’Leit ze bréngen – eng essenziell Grondlag fir eng informéiert Gesellschaft. Op nach vill Analysen 2026
13.01.2026 09:20
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
350 Joer Entrepreneursgeschicht zu Lëtzebuerg : zesumme mam Grand-Duc Guillaume hu mir haut dräi Betriber besicht, déi zanter Generatiounen e feste Pilier vun eiser Wirtschaft sinn : Reinert, Minusines an den Home Center Willy Putz.Zesumme vereenen si 350 Joer Bestännegkeet, Erfarung an Innovatioun
16.12.2025 16:59
👍 2
🔁 0
💬 0
📌 0
🤝 Entrevue mam Ekaterina Zaharieva – EU Commissioner for Startups, Research & Innovation 🇪🇺
Mir hunn iwwert d’Ambitioune vun der EU fir Start-ups & Scale-ups geschwat an d’Wichtegkeet vun engem staarke Support ënnerstrach.
Zesumme fir en europäesche Startup-Ekosystem, dee global konkurrenzfäeg ass💡
25.11.2025 12:39
👍 0
🔁 0
💬 0
📌 0
Mir haten e wichtegen Austausch mat der Alliance des communes contre l’énergie nucléaire.D’Regierung an d’Gemengen si sech eens, datt d’Atomzentralen no un der Lëtzebuerger Grenz sollen ofgeschalt ginn an datt den Ausbau vun den erneierbaren Energien d’Zukunft vun eiser Energieversuergung duerstellt
13.11.2025 10:13
👍 0
🔁 0
💬 0
📌 0
Wéi mir bauen a liewe verännert sech – mat méi nohaltege Gebaier a smarter Technologie🌱🏗️. D’Konferenz „BIMLUX & Construction durable pour des villes résilientes“ bréngt Nohaltegkeet 🌍 an digital Léisungen 💻 an der Bau- a Stadentwécklung zesummen, fir d’Stied vu muer méi effizient ze gestalten 🏙️.
12.11.2025 15:17
👍 0
🔁 0
💬 0
📌 0
04.11.2025 11:51
👍 2
🔁 2
💬 0
📌 0
Zesumme mam Finanzminister Gilles Roth hu mir haut de Prêt Compétitivité Pérennité (PCP) lancéiert – eng gezielte finanziell Ënnerstëtzung fir zukunftsorientéiert Investissementer, vun der besonnesch eis PME'en profitéiere kënnen.
🔗Weider Infos: gd.lu/51CxXD
02.10.2025 10:05
👍 0
🔁 0
💬 0
📌 0
Entrevue mam Jeff Bullwinkel a sengem Team vu #Microsoft iwwer de Rôle vun innovativen Technologien am europäesche Kontext, kënschtlech Intelligenz 🤖 an digital Solutioune fir Betriber 💻fir méi Kompetitivitéit.
30.09.2025 14:49
👍 0
🔁 0
💬 0
📌 0
Bei Husky zu Diddeleng, Expert am Design vu Gussformen🔩 fir z.B. PET-Fläschen🍶 a medezinescht Equipement 💉, stinn Digitalisatioun an Nohaltegkeet am Fokus. D‘Zil ass et, PET-Produiten esou ze gestalten, dass se vollstänneg an de Kreeslaf zeréckgefouert kënne ginn♻️ .
28.08.2025 08:27
👍 2
🔁 0
💬 0
📌 0